Spellchecker.lu elo nach méi performant

Ee Korrekturprogramm lieft vun enger Wierderlëscht, fir ze definéiere wat richteg a wat falsch geschriwwen ass. Dës Lëscht muss gefleegt a gefiddert ginn. Fir d’Korrekture vu Spellchecker.lu nach ze verfeineren, gouf d’Wierderlëscht dofir verbessert an ausgebaut. All Dag benotzen 2800 Leit den Internetsite Spellchecker.lu. Egal ob fir Bréiwer, Affichen, Gebuertsdagswënsch an aner lëtzebuergesch Texter. Am September krut de Projet e gréisseren Update dee vläicht net direkt opgefall ass an awer … Continue reading Spellchecker.lu elo nach méi performant