Méi strikt Reegelen, méi adequat Resultater a méi Vitess

Am Oktober gouf et e gréisseren Update, bei deem d’Wierderlëscht op déi Spellchecker.lu opbaut, komplett iwwerschafft gouf.

Zanterdeem gouf et ongeféier all Mount ee klengen Update bei deem “just” d’Lëscht erweidert a kleng Feeler korrigéiert goufen. Iwwer déi lescht Wochen hu mir elo den nächste gréisseren Update fäerdeggestallt. De Fokus louch op dräi Aspekter: Gréisser Konsistenz, besser Sichresultater an eng méi séier Korrektur bei ville Feeler.

Méi Konsistenz duerch eng méi strikt Applikatioun vun de Reegelen

Méi Konsistenz bedeit vereinfacht gesot, datt Wierder déi ähnlech kléngen, logescherweis och ähnlech geschriwwe ginn. Dat erlaabt et esouwuel Mammesproochler, mee och Leit déi Lëtzebuergesch als Friemsprooch léieren, sech méi einfach erëmzefannen. Dobäi hu mer déi offiziell Reegele vun 1999 an d’Recommandatioun vun duerno deelweis méi strikt applizéiert oder si marginal ofgeweecht fir zäitgeméiss ze sinn. An d’Konsistenz huet d’Sandra Souza Morais vill Zäit dragestach. D’Ännerunge kënnen a véier grouss Gruppen agedeelt ginn:

  • De Verlängerungs-H aus dem Däitsche gouf eliminéiert bei Wierder wéi “Ausnam”, “Stral”, a ville weideren. Déi offiziell Reegelen erlabe béid Varianten: Mat an ouni H. Den H gëtt am Lëtzebuergeschen awer net ausgeschwat a wann ee sech Wierder ukuckt wéi “Bam” oder “Kapital” déi ni en H zougelooss hunn, ass einfach ze verstoen, wisou et méi konsistent ass, just nach déi Variant ouni H zouzeloossen.
  • Verduebelung vum E op der betounter Silb, beispillsweis bei “Reegel”, “Seegel”, “trotzdeem”. Dës Reegel besteet zanter 1999, gouf bis elo awer op ville Plazen net konsequent applizéiert.
  • Upassung vun der Schreifweis un d’lëtzebuergesch Ausschwätzweis, beispillsweis bei “Adress”, “Broschür”, “Tüb” (an net méi “Adresse”, “Brochure”, “Tube”). Och hei loossen d’Reegelen u sech déi zwou Schreifweisen zou. Den E zum Schluss gëtt awer net ausgeschwat, an irritéiert dowéinst onnéideg.
  • Franséisch Wierder behalen den “é” just an der Endsilb. Dëst ass eng Recommandatioun vum CPLL, déi op ville Plaze schonn applizéiert gouf. Beim Spellchecker awer nach net duerchgängeg. Hei schaffe mir aktuell dru, fir déi Reegel konsequent duerchzesetzen.

All dës Ännerunge bréngen och mat sech, dass de Liesfloss verbessert gëtt, well méi kloer ass wat gemengt ass. D’Wuert “Adresse” konnt virdru beispillsweis déi “franséisch” Schreifweis sinn, et kann awer och de Pluriel vun der “verlëtzebuergeschter” Versioun si bei där den “n” duerch d’Eifeler Reegel ewechgefall ass. De Saz “Schéck mer deng Adresse bis muer de Mëtteg.” konnt een op zwou Manéieren interpretéieren. Eemol mat “Adresse” als Singulier, an eemol als Pluriel. Mat den Ännerungen déi hei driwwer beschriwwe sinn, wäert dat an Zukunft méi einfach sinn.

Méi passend a méi séier Resultater

An de successiven Updates vun de leschte Méint gouf de Spellchecker ëmmer méi feelertolerant an huet esouguer bei wëll agetippte Buschtawefolgen nach versicht e Korrekturvirschlag ze maachen:

Dat hat ufanks sënnvoll fir eis gewierkt, mee huet awer eng Rei Problemer mat sech bruecht. Ze dacks koume komplett sënnlos Virschléi eraus, an duerch déi grouss Toleranz war d’Korrektur deelweis extrem lues ginn, virun allem wa vill Feeler dra stoungen.

De Michel Weimerskirch huet dofir de System fir d’Virschléi komplett iwwerschafft. D’Sichparametere goufen ageschränkt, dofir awer eng Lëscht vun iwwer 700 heefege Feeler an de System agespeist. Duerch dës Ännerunge sinn d’Korrekturen elo nees substantiell méi séier: E Beispilltext mat ville Feeler dee mat der aler Versioun iwwer 60 Sekonne gebraucht huet gëtt mat der neier Versioun elo an zirka 7 Sekonne korrigéiert.

Ausserdeem dierften et elo manner sënnlos Virschléi ginn, an duerch statistesch Auswäertunge sinn déi méi passend Virschléi elo méi uewen an der Lëscht. Trotzdeem sollt een natierlech bei der Korrektur net ëmmer den éischte Virschlag wielen, mee matdenken, ob och wierklech dat Wuert gemengt gouf.

Déi nächst Méint

All dës Aarbechte wäerten an den nächste Woche weidergefouert gi fir d’Lëtzebuergesch Sprooch weiderzebréngen. Mir schaffen dobäi och enk mat der am November gegrënnter Wikimedia Lëtzebuerg a.s.b.l. zesummen, fir tëscht dem Spellchecker an der Lëtzebuergescher Wikipedia eng eenheetlech Schreifweis ze benotzen.

Comments are closed