Spellchecker.lu ënnerstëtzt déi komplettéiert Orthografie fir d’Lëtzebuerger Sprooch

D’Aktualiséierung vun den Orthografiereegelen – déi haut um 15. November 2019 presentéiert gouf – stellt e wichtege Schrëtt an der weiderer Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch duer.

D’Reegelen, déi ugepasst oder preziséiert goufen, schafen a ville Fäll méi Kloerheet a verbesseren de Liesfloss, beispillsweis duerch déi méi konsequent Verdueblung vun de Vokaler. Gläichzäiteg droe se der Villfältegkeet vun der Sprooch Rechnung, andeems Varianteschreifweise méiglech bleiwen.

Spellchecker.lu ënnerstëtzt aus deene Grënn déi nei Reegelen, a setzt vun haut un déi nei Schreifweis am Online-Checker an, genau esou wéi an den Erweiderunge fir LibreOffice, Softmaker Office, Firefox a Thunderbird. Déi jeeweileg Aktualiséierunge kënnen also vun elo un installéiert ginn.

D’Appe fir mobil Apparater ginn an den nächste Wochen aktualiséiert an en Update vun der Funktioun, fir d’n-Reegel ze verbesseren, ass och an Aarbecht. Déi aktualiséiert Wierderlëscht steet ënner enger Open-Source-Lizenz, wouduerch eng Integratioun a weider Produite méiglech ass.

D’Wierderlëscht vu Spellchecker.lu gouf a Kooperatioun mam ZLS (Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch) aktualiséiert. Bei dëser Zesummenaarbecht gouf och eng “Spellcheck-Funktioun” an d’Sichfunktioun vum LOD.lu agebaut. Bei falsch geschriwwene Wierder ginn elo op eng méi flexibel Manéier Alternative proposéiert.

Méi Informatiounen

Comments are closed