Autokorrektur-App

D’App erliichtert e séiert a korrekt Schreiwe vu lëtzebuergeschen Texter an allen Android-Applikatiounen. Ob beim Schreiwe vun SMS-Noriichten oder beim Chatten op Facebook, den Text gëtt scho beim Tippen automatesch korrigéiert. Typesch Feeler (z.B. sin -> sinn) oder Tippfeeler (z.B. hakko -> hallo), sinn domat eng Saach vun der Vergaangenheet.

Dës App ass eng Ergänzung a setzt d’Installatioun vun AnySoftKeyboard viraus. AnySoftKeyboard ass eng Tastatur fir Android déi eng grouss Zuel vu Sproochen ënnerstëtzt a sech individuell upasse lisst. Méi Informatiounen um Internetsite a bei der Google+-Community.

Wichteg:

  • D’Eifeler Reegel (déi beseet dass e Wuert den “n” um Schluss ka verléiere wann en net ausgeschwat gëtt) korrigéiert dës App net.
  • Déi nei App brauch keen Internet-Accès.
  • D’App ass gratis! E fräiwëllege Bäitrag fir Merci ze soen ass awer ëmmer wëllkomm.

Installatiounshiwäiser

Schiermfotoen