Klassesch Smartphone-App

Ganz bequem vun ënnerwee Lëtzebuergesch Texter verbesseren

Du denks datt et komplizéiert ass fir korrekt Lëtzebuergesch ze schreiwen? Elo net méi, well mat der Spellchecker.lu-App kanns du ganz bequem vun ënnerwee deng Lëtzebuergesch Texter verbesseren. D’App ass deen ideale Begleeder fir jiddwereen dee Lëtzebuergesch schreift. Se erméiglecht entweder eenzel Wierder, oder awer ganz Texter ze korrigéieren.

Net nëmme kanns du féx deng Orthographie-Feeler korrigéieren, mä och déi sougenannten “Eifeler Regel”, eng phonetesch Regel mat där esouguer gebuere Lëtzebuerger hir Problemer hunn ass vun elo un kee Problem méi.

Dee verbesserten Text kanns du duerno direkt als Email oder SMS schécken oder an de Clipboard kopéieren fir en an enger anerer App weider ze benotzen.

D’Orthographiekorrektur leeft iwwer e gesécherte Server vu Spellchecker.lu, du brauchs also eng Internet-Connectioun fir d’App benotzen ze kënnen.

Schiermfotoen