Live-App

Automatesch beim Tippen an all App Lëtzebuergesch korrigéieren

D’App bitt eng simultan Orthografiekorrektur fir Geräter déi mat Android 4.0 lafen. No der Aktivéierung integréiert sech de Service a sämtlech Textfelder vun all App: Egal ob SMS, Email, Facebook, Twitter, oder a soss enger App – iwwerall kann ee seng Lëtzebuergesch Texter verbessere loossen.

  • D’Eifeler Reegel (déi beseet dass e Wuert den “n” um Schluss ka verléiere wann en net ausgeschwat gëtt) korrigéiert déi nei App nach net.
  • D’App funktionéiert just mat Android 4.0 (oder méi nei) . Déi méi al Versiounen hu leider net déi néideg Schnëttstellen. Lëscht vu getesteten Apparaten
  • Verschiddenen Apparate vum Hiersteller Samsung ginn net ënnerstëtzt, well deen d’Orthografiekorrektur-Funktioun aus senger Android-Versioun erausgeholl huet (bei Samsung reklaméieren).
  • D’App funktionéiert net mat iOS . Op dëser Plattform ginn et och an der aktuellster Versioun keng Schnëttstellen, mat deenen een en zousätzleche Spellchecker kéint integréieren.
  • D’App ka separat zu där klassescher am Store erofgeluede ginn.
  • Déi nei App brauch keen Internet-Accès an och soss keng Zougrëffrechter.
  • D’App ass gratis! E fräiwëllege Bäitrag fir Merci ze soen ass awer ëmmer wëllkomm.

Download bei Google Play

Manuellen Download (fir Experten)

* Erfahrunge mat anere Geräter kënne mat enger Mail u michel@spellchecker.lu gemellt ginn, fir dass d’Lëscht kann aktualiséiert ginn.

Schiermfotoen