Aktualitéit

Aktuell Informatiounen iwwert de Projet

Wisou Google Translate op Lëtzebuergesch esou wichteg ass

Zanter gëschter Owend ass den Iwwersetzungsprogramm Google Translate och fir Lëtzebuergesch disponibel. Erwaart hat ech mer relativ wéineg, dofir sinn ech ëm sou méi iwwerrascht, wat deen Tool kann. Verstitt mech net falsch: déi Texter déi erauskomme si wäit vu perfekt, an awer kann esou eng Applikatioun ganz praktesch sinn.

Et muss engem dobäi natierlech ëmmer bewosst sinn, dass et sech just ëm eng automatesch Iwwersetzung handelt, an do sinn d’Resultater bei anere Sproochen net besser. Dofir och meng niddreg Erwaardungshaltung.

Quasi onbrauchbar ass d’Iwwersetzung vu friemsproochegen Texter op Lëtzebuergesch. Hei mécht den Iwwersetzer eng Wuert-fir-Wuert-Iwwersetzung ouni op de Sazbau opzepassen. Vill Wierder ginn och nach net erkannt, a just heefeg kleng Sätz wéi “How are you” an “I love you” gi passend iwwersat. Doduerch dass d’Benotzer selwer kënnen alternativ Iwwersetzunge virschloe gëtt de Volume vu Wierder déi richteg iwwersat ginn an Zukunft awer sécher nach erop. Erstaunlech ass awer elo schonn dass de gros vun de Wierder déi erauskomme korrekt geschriwwen ass, wéi gesot ouni korrekte Sazbau, awer mat korrekter Orthographie.

Op där anerer Säit geet d’Iwwersetzung vu lëtzebuergeschen Texter op Englesch erstaunlech gutt. Och hei dierf ee sech net ze vill erwaarden, awer den Text deen erauskënnt ass gréisstendeels verständlech an erméiglecht et doduerch Leit, déi kee Lëtzebuergesch kënnen, fir lëtzebuergesch Internetsäiten oder aner Texter ze verstoen. An dat mécht déi Ukënnegung vu Google esou ee groussen a wichtege Schrëtt. Sief et een deen hei wunnt an nach kee Lëtzebuergesch kann, een dee sech iwwerleet op Lëtzebuerg ze plënneren, eng Persoun déi Famill zu Lëtzebuerg huet, oder een dee sech einfach esou fir Lëtzebuerg interesséiert: All dës Leit kréien elo d’Méiglechkeet, ze verstoe wat esou zu Lëtzebuerg lass ass, op deenen Plaze wou just Lëtzebuergesch geschriwwe gëtt: Vun der klenger Foto-Communautéit bis bei dat grousst Noriichteportal.

Google als Sich-Maschinn wäert dës Iwwersetzunge sécher och op anere Plaze benotzen, wou ee vläit net direkt drun denkt. Ech erwaarde mer als en nächste Schrëtt, dass ee bei der Sich ka “Lëtzebuergesch” als Zilsprooch auswielen, an dass een da mat lëtzebuergesche Sichbegrëffer och méi prägnant Sichresultater kritt, eben doduerch dass d’Google-Maschinne Lëtzebuergesch “verstinn”. Méi negativ wäert d’Auswierkung op d’Reklamme sinn déi Google uweist. Duerch säin Iwwersetzungsprogramm versteet Google elo méi genee wat ee fir Lëtzebuergesch Sichbegrëffer op Lëtzebuergesch agëtt, a kann dorops hin da méi passend Reklammen uweisen. Bei deene meeschte Leit wäert den Undeel u Lëtzebuergesche Sichbegrëffer awer wuel méi kleng, an den Effekt dovunner dann och manner spierbar sinn.

Den RTL war haut iwwregens bei Lightbulb (der Firma déi ech mat gegrënnt hunn) op Besuch, an huet mech do als Entwéckler vu Spellchecker.lu och ëm meng Meenung gefrot. Den Interview fannt der hei: http://tele.rtl.lu/emissiounen/de-journal/3055281.html

– Michel Weimerskirch

Weiderliesen Commentaire schreiwen

Android op Lëtzebuergesch

Den Handy kann een elo op Lëtzebuergesch benotzen. Méiglech gemaach hunn dat de Michel Weimerskirch, Entwéckler vum Projet Spellchecker.lu, an d’Sandra Souza Morais, Autorin a Korrektorin op der lëtzebuergescher Wikipedia, déi d’Android-Variant “CyanogenMod” an hirer Fräizäit iwwersat hunn.

CyanogenMod ass e Betribssystem op Basis vun Android, dee vu Fräiwëllegen op der ganzer Welt entwéckelt gëtt. D’Entwéckler hunn eng ganz Rei zousätzlech Funktiounen, wéi z. B. eng Privatsphärschutzfunktioun an de Standard-Android integréiert. CyanogenMod kann op enger ganzer Rei Handyen nodréiglech installéiert ginn. Méi Informatiounen iwwer CyanogenMod, ënner anerem wéi eng Handyen domat kompatibel sinn a wéi een de System installéiert, sinn op www.cyanogenmod.org ze fannen. D’Installatioun sollt just vun technesch verséierte Leit duerchgefouert ginn, well sämtlech Daten um Handy geläscht ginn. Ausserdeem verléiert ee bei verschiddenen Hiersteller d’Garantieleeschtungen, wann een de virinstalléierten Handysystem duerch CyanogenMod ersetzt.

Mat dobäi ass och eng “Wëschtastatur” mat lëtzebuergeschem Sproochmodul, dat vum Michel Weimerskirch entwéckelt gouf. Mat dëser Tastatur kann ee lëtzebuergesch Wierder schreiwen, andeem ee mam Fanger iwwer déi virtuell Taste wëscht, ouni de Fanger opzehiewen. En absoluten Novum fir eis Sprooch.

Motivéiert hunn de Michel Weimerskirch an d’Sandra Souza Morais hir Faszinatioun un der Technologie an un der lëtzebuergescher Sprooch. Ausserdeem wollte si weisen, datt d’Lëtzebuergesch och als jonk Sprooch wäit genuch entwéckelt ass fir a komplex a technesch Apparater integréiert ze sinn. Ganz wichteg war hinnen dobäi och, op eng korrekt Orthographie ze setzen, och wa sécher an dëser éischter Versioun deen een oder anere Schreiffeeler net ausbleift.

En Handy op Lëtzebuergesch ass sécher eppes, un dat ee sech muss gewinne bis et sech natierlech ufillt, mee bitt och aner Virdeeler: Fir Leit, déi Beréierungsängscht mat Technologie hunn, kéint en Handy op Lëtzebuergesch e Grond sinn, fir de Kontakt ze woen. Doriwwer eraus kéinte Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, vun der Iwwersetzung profitéiere fir sech am Alldag mat der Sprooch auserneenzesetzen.

All d’Informatiounen zur Installatioun sinn op https://spellchecker.lu/cm ze fannen. Hei gëtt et och e Forum, an deem Froen iwwer d’Iwwersetzungen an iwwer d’Wëschtastatur kënne gestallt an diskutéiert ginn.

 

Méi Informatiounen

Weiderliesen Commentaire schreiwen

Spellchecker.lu-Benotzerëmfro

Mat denger Hëllef wëll ech erausfannen, wéi, wou, a fir wéieng Zwecker d’Servicer vu Spellchecker.lu benotzt ginn, fir d’Qualitéit weider kënnen ze verbesseren. Dofir ass elo d’Spellchecker.lu-Benotzerëmfro online. D’Froe sinn an 3 Gruppen agedeelt an d’Beäntweren dauert manner ewéi 10 Minutten. Spellchecker.lu ass e gratis Service, dofir wier ech frou, wann s du bei dëser Ëmfro géifs matmaachen an de Projet esou ënnerstëtz.
– Michel Weimerskirch

Ëmfro lancéieren

Update 1.12.2014: D’Ëmfro ass zou. Merci deenen déi matgemaach hunn!

Weiderliesen Commentaire schreiwen

“Heartbleed”-Bug: Passwierder änneren

Spellchecker.lu war vum “Heartbleed”-Bug betraff deen e groussen Deel vu Siten um Internet (dorënner z.B. Facebook, Yahoo, Dropbox …) betraff hat. Et waren zwar keng Spure vun engem Agrëff ze fannen, mee sécher ass sécher, a well net honnertprozenteg auszeschléissen ass dass eenzel verschlësselt Passwierder ausgelies konnte ginn sinn e puer Sécherheetsmoossname geholl ginn:

– D’Sécherheetsupdates goufen direkt nodeem s de Problem ëffentlech bekannt ginn ass opgespillt.
– All d'(verschlësselt) Passwierder op Spellchecker.lu goufen deaktivéiert a mussen iwwert de “Passwuert vergiess”-Mechanismus zeréckgesat ginn.
– All d’Facebook-Logins goufen invalidéiert. Beim nächste Login iwwer Facebook gëtt eventuell nach eng Kéier ëm Erlaabnis gefrot op d’Email-Adress zouzegräifen.
– Den SSL-Zertifikat gouf ersat.

Wichteg: Bei alle Servicer wou dat selwescht Passwuert benotzt ginn ass, muss och en neit Passwuert definéiert ginn (prinzipiell ass et unzeroden ni op zwee verschiddene Siten dat selwescht Passwuert ze benotzen).

Erklärungen wat den “Heartbleed”-Bug genee ass ginn et z.B. am Artikel vun der ZEIT: http://www.zeit.de/digital/datenschutz/2014-04/openssl-faq.

Eng (onvollstänneg) Lëscht mat anere betraffene Sitë gëtt et hei: http://mashable.com/2014/04/09/heartbleed-bug-websites-affected/

Weiderliesen Commentaire schreiwen