Aktualitéit

Aktuell Informatiounen iwwert de Projet

D’Grenze vun enger automatescher Orthographiekorrektur

Spellchecker.lu huet sech mëttlerweil als eng vun den Haaptreferenzen etabléiert, fir Lëtzebuergesch Texter ze korrigéieren a fir d’Schreifweis vun eenzelne Wierder nozesichen. Duerch eng automatiséiert Orthographiekorrektur ass awer och net ëmmer alles automatesch richteg, well d’Software de Sënn vun de Sätz net versteet, mä just Wuert fir Wuert no Feeler sicht. De Benotzer muss also dacks selwer entscheede kënnen, wat fir eng Verbesserungsvirschléi sënnvoll sinn, a wat fir eng net. (méi…)

Weiderliesen Commentaire schreiwen

Firwat ass eng eenheetlech Orthographie wichteg?

Dacks ginn ech gefrot firwat ech et esou wichteg fannen dass lëtzebuergesch Texter  orthographesch richteg geschriwwe ginn. Meng Äntwert besteet üblecherweis aus dräi kuerzen awer wichtege Ideeën:

  1. Texter si méi einfach ze liesen. Wann am Idealfall jiddwereen sech un eis Orthographie hält, kann ee méi einfach anere Leit hir Texter liesen.
  2. Et ass méi kloer ze verstoe wat gemengt ass, well d’Bedeitung vun de Wierder kloer ass. Zweedäitegkeete gi reduzéiert, an doduerch Mëssverständnisser verhënnert.
  3. Besonnesch fir Firmen déi hire Schrëftverkéier archivéieren ass et wichteg dass Dokumenter nach kënnen an e puer Joer fonnt ginn. Eng eenheetlech Orthographie garantéiert also eng besser Archivéierbarkeet. Méi akut ass de Problem op Internetsäiten: Wann ee wëll dass d’Benotzer eppes op engem Internetsite erëmfannen, dann huet een duerch eng eenheetlech Orthographie e Virdeel well d’Inhalter esou geschriwwe sinn, wéi dem Benotzer et mat senge Sichbegrëffer erwaart.

Wat ass deng Meenung zu dëser Begrënnung firwat et wichteg ass eng eenheetlech Orthographie ze benotzen? Schreif e Commentaire an diskutéiert mat!

– Michel Weimerskirch

Weiderliesen Commentaire schreiwen