Ee Korrekturprogramm lieft vun enger Wierderlëscht, fir ze definéiere wat richteg a wat falsch geschriwwen ass. Dës Lëscht muss gefleegt a gefiddert ginn. Fir d’Korrekture vu Spellchecker.lu nach ze verfeineren, gouf d’Wierderlëscht dofir verbessert an ausgebaut.
All Dag benotzen 2800 Leit den Internetsite Spellchecker.lu. Egal ob fir Bréiwer, Affichen, Gebuertsdagswënsch an aner lëtzebuergesch Texter. Am September krut de Projet e gréisseren Update dee vläicht net direkt opgefall ass an awer vu grousser Wichtegkeet ass. Ënnerstëtzung krut de Michel Weimerskirch, Grënner vum Projet Spellchecker.lu, dobäi vum Sandra Souza Morais, Studentin an der Informatik. Allebéid beschäftege si sech an hirer Fräizäit vill mat der lëtzebuergescher Sprooch an hirer Schreifweis.
De Kär vun all Orthographiekorrekturprogramm ass eng Lëscht mat Wierder, déi de Programm als korrekt erkennt. Gëtt een e Wuert an, dat net op där Lëscht steet, da fënnt de Programm Wierder déi ähnlech geschriwwe sinn, a schléit déi fir d’Korrektur vir. A genee dës Wierderlëscht gouf elo komplett nei opgebaut. Zil war et, eng méi konsistent Lëscht ze hunn; dat heescht d’Schreifweise vu Wierder déi ähnlech geschriwwe ginn oder en ähnlechen Urspronk hu goufe vereenheetlecht. Doduerch konnt och d’Unzuel u Feeler reduzéiert ginn.
Insgesamt kennt Spellchecker.lu elo iwwer 230 000 Wierder a Wuertformen. Iwwer 30 % vun de Wierder an der Lëscht sinn nei. 20 % vun de Wierder goufen iwwerschafft, geännert oder ergänzt. Nieft gängege Wierder, wéi der “Kéiswurscht” an dem “Kinosfilm”, kennt Spellchecker.lu elo och nei Kreatioune wéi d'”Zukunftskeess” oder Anglizisme wéi “Cosplayer” an “Hipster”. Och de “Pokémon” ass keen Onbekannte méi.
Fir dat Ganzt méiglech ze maache gouf eng speziell Gestiounssoftware entwéckelt mat där nei Wierder kënnen agedroe ginn, oder existéierend Wierder oder Declinaisounsregele verbessert kënne ginn. Doduerch gëtt d’Lëscht an Zukunft méi einfach z’ergänzen, an de Spellchecker.lu doduerch ëmmer méi praktesch fir den alldeegleche Gebrauch. An noer Zukunft kréien ausgewielt Partner, déi de Spellchecker.lu selwer benotzen, Accès op dës Software, fir d’Lëscht selwer ergänzen ze kënnen.
Déi nei Wierderlëscht ass säit Mee schonn an der Online-Versioun am Gebrauch a säit September och als Download fir LibreOffice, Firefox, Ubuntu a Mac OS ze kréien. Spellchecker.lu ass um Wee fir sech ëmmer méi als Referenz fir d’Lëtzebuerger Orthographie z’etabléieren.
Leider kritt de Projet keng Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture oder aneren offiziellen Instanzen. Iwwer hir Budgetsmëttele gëtt säit 2004 un enger Wierderlëscht mat Iwwersetzunge geschafft. Op méifach Nofro war et awer net méiglech, Accès op dës Aarbechten ze kréien, sou datt d’Equipe vu Spellchecker.lu hir Lëscht ouni extern Hëllef nei opgebaut huet, an dat innerhalb vun engem Joer an der Fräizäit. Net auszedenken, wat duerch eng Kooperatioun während deenen 12 Joer méiglech gewiescht wier.