Aktualitéit

Aktuell Informatiounen iwwert de Projet

An eegener Saach: Lightbulb s.à r.l.

Haut um 24. Abrëll hunn ech mat zwee Kollegen zesummen eng nei Firma gegrënnt: Lightbulb s.à r.l., eng Web-Agence, déi sech op modern an innovativ Websäiten a Web-Applikatioune spezialiséiert. Meng perséinlech Erfahrung a méisproochege Siten an intuitive Content-Management-Systemer wäert ech dobäi an all eis Projeten abréngen.

De Spellchecker.lu-Projet gouf am Joer 2006 gegrënnt, also viru bal 7 Joer, wéi ech nach op der Uni war. Virun 3 an engem halwe Joer, direkt no der Uni, hunn ech mech als Web-Entwéckler selbstänneg gemaach a säitdeem ganz vill Projete fir vill interessant Partner ëmgesat. Elo ass et un der Zäit fir deen nächste Schrëtt.

Wat bedeit dat fir Spellchecker.lu?

De Projet kritt e weidere kommerzielle Partner deen hëlleft de Projet weider mat no vir ze bréngen. Nieft engem komplett neie Produit dee geplangt ass, bidde mir eise Clienten en integréierte Spellchecker direkt am Administratiounsberäich vun hirem Site un. Donieft hu mer nach e puer aner flott Neierunge geplangt.

Lightbulb s.à r.l.

Fir iwwert d’Aktivitéite vu Lightbulb ze informéieren hu mir och eng Facebook-Säit an en Twitter-Profil ugeluecht. Alternativ kanns du dech och op lightbulb.lu bei eisem Newsletter abonnéieren, fir iwwert de Lancement vun eisem Site informéiert ze ginn.

Merci fir d’Ënnerstëtzung!
Michel Weimerskirch

Weiderliesen Commentaire schreiwen

Nei: “Spellchecker.lu Live”-App fir Android

Dës Woch gouf déi nei “Spellchecker.lu Live-App” presentéiert, déi iwwert déi lescht Méint entwéckelt gouf. D’App bitt eng simultan Orthographiekorrektur fir Geräter déi mat Android 4.0 lafen. No der Aktivéierung integréiert sech de Service a sämtlech Textfelder vun all App: Egal ob SMS, Email, Facebook, Twitter, oder a soss enger App – iwwerall kann ee seng Lëtzebuergesch Texter verbessere loossen. (méi…)

Weiderliesen Commentaire schreiwen

Neie Layout

Fir den Ufank vum neie Joer presentéiert sech Spellchecker.lu mat engem neie Look: méi modern an opgeraumt. Onnéidege Balast gouf eliminéiert an de Fokus op déi wichtegst Elementer gesat.

Weiderliesen Commentaire schreiwen