Aktualitéit

Aktuell Informatiounen iwwert de Projet

Spellchecker.lu beim “lux-Aiport Escher Kulturlaf 2009”

9320_126885788756_547113756_2446751_365329_nDe Pierre an de Paul Weimerskirch sinn de 5. September beim lux-Aiport Escher Kulturlaf 2009 offiziell fir Spellchecker.lu gelaf a sinn allen zwee op der Distanz vun 10 Meilen (16km) eng exzellent Zäit gelaf. De Pierre huet et esouguer mat enger Zäit vun 0:53:49,1 op déi zweete Plaz gepackt. Déi detailléiert Resultater vun der Course fënns du op der offizieller Säit.

Merci fir är Ënnerstëtzung Pierre a Paul, a vill Gléck bei den nächste Coursen.

Weiderliesen Commentaire schreiwen

Spellchecker.lu beim Postlaf

De Pierre Weimerskirch bei senger Arrivée Zum Optakt vun der Stroossesaison am Lafen ass de Pierre Weimerskirch beim Postlaf 2009 offiziell fir Spellchecker.lu gelaf an huet eng exzellent 9. Plaz gemaach. Hien huet déi 10km an enger Zäit vun 33.13” zeréckgeluecht. Gratulatiounen!

2007 wor hien de Postlaf fir d’éischte Kéier matgelaf. Deemols ass hien 61. (36.18”) ginn, 2008 ass e schon op déi 16. Plaz (34.24”) gelaf.  Dëst Joer huet hie seng Leeschtung also nach eng Kéier e gutt Stéck verbessert.

Dës Saison wäerte mer de Pierre am Spellchecker.lu-Trikot nach e puer mol kënne gesinn. Merci fir deng Ënnerstëtzung Pierre a vill Gléck fir deng weider Saison.

Méi Fotoe vun der Course fënns du op der Facebook-Säit vu Spellchecker.lu. Déi detailléiert Resultater stinn op der offizieller Internetsäit vum Postlaf.

Weiderliesen Commentaire schreiwen