CyanogenMod op Lëtzebuergesch

Ëm wat geet et?

Den Handy kann een elo op Lëtzebuergesch benotzen. Méiglech gemaach hunn dat de Michel Weimerskirch, Entwéckler vum Projet Spellchecker.lu, an d’Sandra Souza Morais, Auteur a Korrekter op der lëtzebuergescher Wikipedia, déi d’Android-Variant “CyanogenMod” an hirer Fräizäit iwwersat hunn. CyanogenMod ass e Betribssystem op Basis vun Android, dee vu Fräiwëllegen op der ganzer Welt entwéckelt gëtt. D’Entwéckler hunn eng ganz Rei zousätzlech Funktiounen, wéi z. B. eng Privatsphärschutzfunktioun an de Standard-Android integréiert. CyanogenMod kann op enger ganzer Rei Handyen nodréiglech installéiert ginn.

Mat dobäi ass och eng “Wëschtastatur” mat lëtzebuergeschem Sproochmodul, dat vum Michel Weimerskirch entwéckelt gouf. Mat dëser Tastatur kann ee lëtzebuergesch Wierder schreiwen, andeem een iwwer déi virtuell Taste wëscht, ouni de Fanger opzehiewen. En absoluten Novum fir eis Sprooch.

Wéi a wou kréien ech CyanogenMod hier?

Informatiounen, wéi eng Handyen domat kompatibel sinn a wéi een de System installéiert, sinn op http://wiki.cyanogenmod.org/w/Devices ze fannen.

D’Installatioun sollt just vun technesch verséierte Leit duerchgefouert ginn, well sämtlech Daten um Handy geläscht ginn. Ausserdeem verléiert ee bei verschiddenen Hiersteller d’Garantieleeschtungen, wann een de virinstalléierten Handysystem duerch CyanogenMod ersetzt.

Aktuell si just d'”Nightly”-Versioune vun CM12 iwwersat.

Wichteg ass och, dass d'”Google Apps” installéiert ginn, déi bei CyanogenMod verlinkt sinn: http://wiki.cyanogenmod.org/w/Gapps. Mat GApps vun anere Plaze funktionéiert d’Wëschtastatur méiglecherweis net.

Wéi kann ech Verbesserunge virschloen oder hëllefen?

Déi einfachst Method fir Verbesserunge virzeschloen oder soss Feedback ze ginn ass iwwer de Forum hei um Site: https://spellchecker.lu/forum/

Du kanns awer och direkt mathëllefen un den Iwwersetzungen ze schaffen andeem s de dech bei dësen zwee Projeten umells:

Schiermfotoen