Spellchecker.lu fir LibreOffice ënnersträicht während dem Tippe falsch Wierder a bitt Korrekturvirschléi un. D’Software besteet aus zwee Deeler. Mam éischten Deel, also dem eigentleche Spellchecker, ginn Orthographiefeeler verbessert. Mam zweeten Deel gi weider Feeler verbessert, déi iwwert eng reng Orthografieskorrektur eraus ginn. Virun allem d’Eifeler Regel, mat där och vill Mammesproochler dacks Problemer hunn.
Viraussetzung: LibreOffice >= 3.4 an Java 6 mussen installéiert sinn.
1. Deel: Spellchecker
Eroflueden
2. Deel: Spellchecker-Erweiderung (fir d’Eifeler Regel)
Eroflueden
Installatiounshiwäiser (Video)
Op d’Bild klicke fir de Video ze starten. Problemer mam Video? Flash Player installéieren.
The player will show in this paragraph
Installatiounshiwäiser (Kuerzform).
De Spellchecker an d’Spellchecker-Erweiderung kënnen automatesch installéiert ginn andeems een déi zwee Fichieren “opklickt”. Sollt dat net goen gëtt et dës Alternativméiglechkeet:
Fir datt de Spellchecker duerno erkannt gëtt muss LibreOffice fir d’éischt ganz zougemaach ginn. Wichteg ass datt och de “Quickstarter” zougemaach gëtt (dat ass dat klengt LibreOffice-Symbol ënne riets nieft der Auer. Do kann ee mat der rietser Maustast drop klicken an “Exit Quickstarter” drécken.)
Elo muss just nach d’Textsprooch op Lëtzebuergesch ëmgestallt ginn. Am einfachste geet dat iwwert de Menü “Tools”->”Languages”->”For Paragraph”. An dem Menü stinn zwou bis dräi heefeg benotzte Sproochen. Ausserdeem gëtt et do awer nach e Punkt “More”. Wann een do drop klickt kritt een eng Lëscht ugewisen, mat alle Sproochen déi OpenOffice.org kennt. Do steet dann och “Luxembourgish” dran.