Ubuntu

An dësen Abschnitt gëtt erklärt wéi Benotzer vun Ubuntu/Kubuntu automatesch de Spellchecker kënnen “up-to-date” halen.

Viraussetzung:
Ubuntu/Kubuntu 12.04 (oder méi nei) muss installéiert sinn. Benotzer vun anere Linux-Distributioune musse mer leider op spéider vertréischten. Laut verschiddene Benotzer lisst den Installatiounspak sech awer och ouni Problem op Debian oder aneren Debian-Derivater installéieren a benotzen.

Installatiounshiwäiser:

  1. Signéier-Schlëssel installéieren:
    wget -O - https://downloads.spellchecker.lu/packages/Ubuntu/pubkey.asc | sudo apt-key add -
  2. Update-Source androen:
    sudo wget https://downloads.spellchecker.lu/packages/Ubuntu/spellchecker_lu.list -O /etc/apt/sources.list.d/spellchecker_lu.list
  3. Package-Lëscht updaten:
    sudo apt-get update
  4. Spellchecker installéieren:
    sudo apt-get install hunspell-lb-lu
  5. Thesaurus installéieren:
    sudo apt-get install mythes-lb

Falls de Message “E: The method driver /usr/lib/apt/methods/https could not be found.” ugewise gëtt muss nach dëse Befehl opgeruff ginn:
sudo apt-get install apt-transport-https

Wichteg:
D’Installatioun vum LibreOffice-Plugin fir d’Eifeler Regel gëtt heiduerch net automatiséiert! Dëse Plugin muss getrennt installéiert ginn.