Spellchecker.lu ass e Service vu Lightbulb s.à r.l..
De Site ass op engem Server an engem gesécherten Datenzenter an Däitschland hebergéiert.
Korrektur vun Texter
D’Texter déi mat Spellchecker.lu verbessert ginn, ginn net gespäichert. Fir Statistiken ze erstellen, an doduerch d’Korrekturen ze verbesseren, ginn awer anonym déi eenzel Wierder gespäichert déi verbessert ginn, allerdings ouni ze späicheren a wéi engem Text se benotzt goufen a wee se agetippt huet. Mir späichere just wéi ee Wuert wéi dacks korrigéiert gouf an duerch wat et ersat gouf.
Den Zougrëff op de Site geschitt iwwer eng geséchert Connectioun, esou dass keen externe matliese kann.
Bei immens sensibelen Texter recommendéiere mer, LibreOffice zesumme mat eisem Plugin ze installéieren an d’Korrektur offline ze maachen.
Späicherung vun IP-Adressen
Aus Sécherheetsgrënn ginn d’IP-Adressë vun alle Visiteure gespäichert, fir am Fall vun enger Intrusioun kënnen nozevollzéie wéi eng Adress wéini op wéi eng Plazen iwwer wéi ee Wee zougegraff huet. Gespäichert gëtt just wéi eng Säiten/Fichieren opgeruff ginn, awer net wat fir en Inhalt matgeschéckt gouf (z. B. de korrigéierten Text, dee gëtt net gespäichert). Dës Date gi während 2 Woche gespäichert. Just d’Personal dat sech ëm d’Gestioun vum Server këmmert kann drop zougräifen. Duerno gi se nach 3 Méint verschlësselt archivéiert.
Cookies
Spellchecker.lu benotzt Cookies fir statistesch Zwecker. Zousätzlech gëtt e Cookie ugeluecht esoubal ee versicht sech anzeloggen.
Transfert vun Donnéeën
Spellchecker.lu benotzt Google Analytics fir Statistiken ze erstellen. Mir hunn d’Integratioun vu Google Analytics esou agestallt, dass just eng anonymiséiert Versioun vun der IP-Adress gespäichert gëtt. Trotzdeem gëtt beim Opruffe vum Site technesch bedéngt vum Browser d’IP-Adress u Google iwwermëttelt.
Kontaktinformatiounen
Lightbulb s.à r.l.
68, rue des Prés
L-7333 Steinsel
Luxembourg
Email: info@spellchecker.lu
Autorisation: 10035855
RCS: B177011
No TVA: LU26101466