Don maachen

Spellchecker.lu mat engem Don ënnerstëtzen

De Michel Weimerskirch bei engem Virtrag am September 2012
Foto: Daniel Clarens

Spellchecker.lu ass geprägt vun engem groussen Erfolleg. Mat iwwer 1’600 Online-Benotzer pro Dag, 3’700 Fans op Facebook an dausende vun Downloads. Regelméisseg gëtt d’Wierderlëscht erweidert an nei Produiten entwéckelt (Historique). All dat hëlt vill Zäit an Aarbecht an Usproch. All Don hëlleft, datt ech méi Zäit an de Projet kann investéieren a Spellchecker.lu esou méi séier ka weiderentwéckelen.

Den Don geet un de Michel Weimerskirch, Entwéckler vu Spellchecker.lu. De Michel Weimerskirch ass mat senger Firma um “Registre de Commerce et des Sociétes” ënnert der Nummer A38457 ugemellt. Den Don ass dowéinst inklusiv TVA, dat heescht bei all Don si 17% TVA mat dran.

Fir Firme besteet d’Méiglechkeet e Banner op Spellchecker.lu lafen ze loossen an de Projet op déi Manéier ze ënnerstëtzen. Informatiounen heizou ginn et op der Säit Servicer.




Merci villmools!
Michel Weimerskirch
michel@spellchecker.lu