Vill Leit hu Problemer eis Sprooch richteg ze schreiwen, verfaassen Texter léiwer an enger anerer Sprooch, well se déi besser geléiert gi sinn oder well se eng technesch Méiglechkeet hunn, fir se verbesseren ze loossen. Aus genee dësem Grond hu sech Ufank 2006 den Tom Goedert, de Luc Heischbourg an de Michel Weimerskirch (déi deemools allen dräi zu Kaiserslautern studéiert hunn), der Aufgab ugeholl, eng Méiglechkeet ze bidden, Texter déi op Lëtzebuergesch verfaasst gi sinn, dann och um Bildschierm verbesseren ze kënnen.
Säit Ufank 2008 gouf de Projet just nach vum Michel Weimerskirch weiderentwéckelt. Vun 2009 bis 2013 huet hien als Freelance-Software-Entwéckler geschafft. 2013 huet hien dunn d’Agence Lightbulb s.à r.l. matgegrënnt, déi an de Beräicher vum Webdesign an der Webentwécklung aktiv ass.
2016 krut de Michel dunn Ënnerstëtzung vum Edson Souza Morais, dee mat him zesummen d’Wierderlëscht (eent vun de Kärdeeler vum Projet) komplett nei ausgeschafft huet.
An der folgender Lëscht sinn déi wichtegst “Highlights” vum Projet zesummegefaasst. D’Lëscht ass net komplett, awer se gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Evolutioun vum Projet:
2017
2016
2014
2013
2012
2011
2010
2009
2008
2006